Syndic/Gestioun

Mir als Syndic vun der Koproprietéit këmmeren eis ëm déi deeglech administrativ a finanziell Gestioun vun Ärer Residenz, andeems mir no den Interessen vun all eisen Proprietären kucken.

Wärend de Generalversammlungen kritt Dir déi komplett an aktuell Ofrechnungen vun de finanziellen Engagementer an e Rapport vun den duerchgefouerten oder geplangten Aarbechten, mat deem Ziel, datt Dir déi bescht Entscheedungen iwwer den Ënnerhalt vun der Koproprietéit treffen kënnt.

Deemno sinn eis Equippen verantwortlech fir Är Entscheedungen ëmzesetzen.

Deel vun eisen Haaptaufgaben beim Ënnerhalt vun de Koproprietéitsdeeler vun der Immobilie, wéi och d'Koordinatioun vun ufalenden Renovatiouns- an Transformatiounsaarbechten sinn, de Wäert vun Ärem Besëtz ze erhalen an ze verbesseren.

 

Gestioun vun der Locatioun

Hu Dir eng Immobilie ze verlounen an Dir wëllt déi alldeeglech Gestioun delegéieren?

Mir këmmeren eis fir Iech ëm all d’Etappen déi d'Locatioun betreffen: d’ Verëffentlechung vun den Annoncen, d’Zesummesetzung vum Dossier fir d’ Locatioun, d’Auswiel vu potenzielle Interessenten, d’Organisatioun vu Visitten, d’Ausschaffen vum Locatiounskontrakt an d’ Iwwerpréiwung vun de Bezuelungen.

Dozou maache mir Iech och d’ Bestandsopnam vun der Immobilie beim Wiessel vun de Lokatären.

Mir gin Iech domat d’Garantie datt d’Locatioun vun Ärer Immobilie alldeeglech verwalt gëtt fir, datt Äert Verméigen vollstänneg erhale bleift.